Fir eng organiséiert a gesond Datebank ze garantéieren, an e Maximum vun onéierlechen Annoncen ze reduzéieren, iwwerpréiwen eis Automobil-Experten all d’Annoncen, éier se definitiv validéiert ginn.
Den Delai vun der Mise en ligne läit esou tëschent 12 an 72 Stonnen.
D’Annonce erschéngt an Ärem perséinleche Beräich mam Statut „Validéierung am Gaangen“.
Esoubal d’Annonce validéiert ass, kritt Dir eng E-Mail an Är Annonce gëtt um Internetsite luxauto.lu diffuséiert.