D’Fotoen, déi Dir an Är Annonce gesat hutt, gi vun eisen Techniker behandelt, fir se ze recadréieren, d’Nummer vun der Plack ze verstoppen, asw.
Wann de Vermierk „Gëtt behandelt“ op Ärer Annonce ugewise gëtt, heescht dat, datt d’Ännerungen un de Fotoen nach net fäerdeg sinn.
Dëse Validéierungsprozess vun de Fotoen ass onofhängeg vun der Moderatioun vun den Annoncen, an et kann dofir heiansdo zu engem Decalage kommen tëschent der Mise en ligne vun Ärer Annonce an der Validéierung vun Äre Fotoen.
Wann awer de Vermierk „Keng Foto“ an Ärer Annonce ze liesen ass, kann dat heeschen, datt:
- d’Eropluede vun Ärer Foto net richteg funktionéiert huet, an datt keng Foto an Är Annonce gesat gouf;
- d’Uweisunge betreffend d’Format an d’Gréisst vun de Fichieren net respektéiert goufen (JPG- oder PNG-Fichieren, maximal Gréisst vun 5 MB pro Foto);
- d’Foto wärend der Moderatioun vun de Fotoe geläscht gouf, well den Inhalt net upassend oder d’Foto vu schlechter Qualitéit war
Dir kënnt zu all Moment Fotoen iwwer Äre perséinleche Beräich an der Rubrik „Meng Verkeef“ bäifügen a se änneren.