Esoubal Är Annonce validéiert ass, gëtt se um Portal luxauto.lu wärend 30 Deeg diffuséiert, wann Dir de Format Lite gewielt hutt, wärend 60 Deeg, wann Dir de Format Standard gewielt hutt, oder ouni Grenz mat dem Format Privileg.
Um Enn vun dëser Period kritt Dir eng E-Mail fir Iech ze informéieren, datt Är Annonce ofleeft.
Dir kënnt dann dës Annonce mat den selwechten Präisser Konditiounen erneieren, a, wann Dir wëllt, de „Pack Fotoen“ zeechnen. Fir d’Erneierung vun Ärer Annonce ze finaliséieren, musst Dir erneit Är Annonce bezuelen.
Falls Dir Är Annonce net méi erneiere wëllt, bleift d’Annonce mam Status „Ofgelaf“ an Ärem Kont, esou datt Dir se spéider zu all Moment erneiere kënnt.
Dir kënnt d’Annonce och definitiv iwwer Äre Kont läschen (Knäppchen „Läschen“).