Esoubal Är Annonce validéiert ass, gëtt se um Portal luxauto.lu wärend 30 Deeg diffuséiert, wann Dir de Format Standard gewielt hutt, oder wärend 60 Deeg, wann Dir de Format Privilège gewielt hutt.
Um Enn vun dëser Period kritt Dir eng E-Mail fir Iech ze informéieren, datt Är Annonce ofleeft.
Dir kënnt dann dës Annonce mam Format Standard (5€ TTC fir 30 zousätzlech Publikatiounsdeeg) oder am Format Privilège (15€ TTC fir 60 zousätzlech Publikatiounsdeeg) erneieren, a, wann Dir wëllt, de „Pack Fotoen“ zeechnen. Fir d’Erneierung vun Ärer Annonce ze finaliséieren, musst Dir erneit Är Annonce bezuelen.
Falls Dir Är Annonce net méi erneiere wëllt, bleift d’Annonce mam Status „Ofgelaf“ an Ärem Kont, esou datt Dir se spéider zu all Moment erneiere kënnt.
Dir kënnt d’Annonce och definitiv iwwer Äre Kont läschen (Knäppchen „Läschen“).