Dir fannt de Knäppchen „D’Passwuert vergiess“ op der Login-Säit fir op Äre Kont. Mat dësem Knäppche kritt Dir e provisorescht Passwuert.
Dir kommt och op dës Säit, andeems Dir direkt op de follgende Link klickt: https://www.luxauto.lu/fr/monluxauto/mdpoublie/
Esoubal Dir mat Ärem provisoresche Passwuert, dat Dir iwwer E-Mail kritt hutt, an Ärem perséinleche Beräich ageloggt sidd, kënnt Dir Äert Passwuert personaliséieren, andeems Dir an den Tab „Mäi Profil“ an Ärem perséinleche Beräich gitt.
Ënnen op der Säit fannt Dir de Personaliséierungsoutil vun Ärem Passwuert, wou Dir Äert provisorescht Passwuert, dat Dir iwwer E-Mail kritt hutt, musst aginn, an duerno Äert neit Passwuert.
Respektéiert wgl. déi néideg Sécherheetskrittäre vun Ärem neie Passwuert, d. h. min. 8 Zeechen, mat op d’mannst 1 klenggeschriwwene Buschtaf, 1 groussgeschriwene Buschtaf, 1 Ziffer an 1 Sonnerzeechen.
Är Ännerunge ginn iwwerholl esoubal Dir op de Knäppchen „Späicheren“ klickt.