Fir op luxauto.lu eng Annonce publizéieren ze kënnen, musst Dir e Kont hunn. Mat dësem Kont kënnt Dir och Är Favoritte geréieren an Är Siche späicheren.
Dir fannt de Knäppchen „Schreift Iech an“ op der Login-Säit fir an Äre Luxauto-Beräich.
Dir kommt duerno op de Formulaire fir Äre Kont ze erstellen, deen et auszefëlle gëllt.
Respektéiert wgl. déi néideg Sécherheetskrittäre vun Ärem neie Passwuert, d. h. min. 8 Zeechen, mat op d’mannst 1 klenggeschriwwene Buschtaf, 1 groussgeschriwene Buschtaf, 1 Ziffer an 1 Sonnerzeechen.
Dir kritt duerno iwwer E-Mail eng Bestätegung geschéckt, datt Äre Kont erstallt gouf, a kënnt dann ufänken, Äre Kont luxauto.lu ze benotzen.