Fir d’Statistike vun der Diffusioun vun Ärer Annonce ze consultéieren, loggt Iech wgl. an Äre perséinleche Beräich an.
Klickt dann uewe riets op de Logo mat Ären Initialen, an duerno op „Meng Verkeef“.
Do fannt Dir dann an der mëttler Kolonn, riets vun de Fotoen, d’Statistike vun de Vuen an de Klicke vun Ärer Annonce.
D’„Unzuel u Vuen“ entsprécht der Unzuel u Kéiere wou Är Annonce an der Lëscht vun de Resultater no de Recherchë vun eise Benotzer gesi gouf.
D’„Unzuel u Klicken“ entsprécht der Unzuel u Klicke fir op d’Säit mat den Detailer vun Ärer Annonce ze kommen.