Fir eng Annonce kënnen ze publizéieren, musst Dir e perséinleche Kont op luxauto.lu erstellen.
Falls néideg, fannt Dir och weider Informatiounen an den Artikelen iwwer d’Erstelle vun engem Kont oder d’Aloggen an Äre Kont.
Fir eng Annonce als Privatpersoun ze erstellen, klickt ganz einfach op den Tab „Verkafen“, ganz uewen op der Säit:
Dir kommt dann op d’Säit „Verkafen“, op där Dir op d’Allgemeng Verkafskonditiounen zougräife kënnt.
Andeems Dir op „Annonce op luxauto.lu“ klickt, kommt Dir op d’Erfaassungsinterface vun Ärer Annonce, wann Dir schonn an Ärem Kont ageloggt sidd, oder op d’Login-Säit fir an Äre perséinleche Beräich, falls dat nach net de Fall ass.
Dir kënnt dann ufänken, Är Annonce ze erstellen, andeems Dir d’Felder an der chronologescher Reiefolleg ausfëllt, dës passe sech jee no de renseignéierten Informatiounen un.
D’Felder mat engem Stär sinn obligatoresch fir kënne weider ze fueren.
Esoubal Dir all d’Informatioune renseignéiert hutt, kommt Dir bei de Schrëtt vum Choix vun den Optiounen an der Bezuelung.
Falls néideg, fannt Dir och weider Informatiounen an den Hëllefsartikelen iwwer d’Fraise vun enger Publikatioun an iwwer déi verschidden Optiounen, an och iwwer d’Bezuelung vun Ärer Annonce.