Dir wëllt en Auto, e Motorrad oder en Notzgefier kafen? Eist Portal luxauto.lu kann Iech bei Ärer Demarche hëllefen!
Wichteg:
luxauto.lu ass nëmmen den Diffusiounssupport vun den Annoncen. Eis Servicer kënnen Iech net iwwer d’Gefierer op eisem Portal renseignéieren. Dir musst dofir iwwer Telefon oder E-Mail d’Garage oder d’Privatpersoun kontaktéieren, déi d’Annonce online gesat huet (méi wäit ënnen an dësem Artikel kënnt Dir liese wou Dir d’Coordonnéeë fannt).
Gitt dofir ganz einfach op d’Startsäit vu luxauto.lu.
Vun dëser Säit aus kënnt Dir Är Sich maachen, andeems Dir all Är Krittären ugitt, z. B. d’Mark, de Modell, de Sprit, de Kilometrage, d’Joer vun der Mise en circulation. Dir fannt méi Krittären an der detailléierter Sich.
Esoubal Är Sich validéiert ass, kommt Dir op d’Säit mat den Annoncen, déi all Äre Krittären entspriechen.
Et ass méiglech, Är Sichkrittären ze präziséieren, andeems Dir lénks op „Detailléiert Sich“ klickt oder de Präis, de Kilometrage an d’Joer op dëser Säit ännert.
Wat méi Informatiounen am Sichformulaire renseignéiert ginn a präzis sinn, wat d’Annoncen, déi affichéiert ginn, am beschten Ären Erwaardungen entspriechen.
Fir méi Renseignementer iwwer eng Annonce aus der Lëscht ze kréien, kënnt Dir direkt op dës Annonce klicken. Dir kommt dann op d’Fiche mat den Detailer vun der Annonce, wou Dir all d’Renseignementer iwwer dës Annonce an d’Garage/d’Privatpersoun fannt, déi d’Annonce publizéiert huet:
Op engem Smartphone befënnt sech d’Rubrik „Kontakt“ ënner de Fotoen:
Wann Dir méi Renseignementer iwwer e Gefier wëllt hunn oder direkt e Rendez-vous ausmaache wëllt, hutt Dir 2 Méiglechkeeten:
- Dir kontaktéiert d’Garage/d’Privatpersoun, déi d’Annonce publizéiert huet, direkt iwwer Telefon, andeems Dir op de Knäppchen „Nummer uweisen“ klickt, deen Dir an der Rubrik „Kontakt“ riets niewent de Fotoe vun der Annonce fannt.
- Dir fëllt de Formulaire aus, deen Dir och an der Rubrik „Kontakt“ fannt, andeems Dir op „De Verkeefer kontaktéieren“ klickt. Dir kënnt esou direkt eng E-Mail un den Annonceur schécken.
Denkt och drun, Iech fir d’E-Mail-Alerten anzeschreiwen, fir déi nei Annoncen, déi Äre Sichkrittären entspriechen, direkt iwwer E-Mail ze kréien.